Wéi bass de drop komm, Filmer ze maachen?
Et ass am Fong ganz natierlech komm. Ech si mat siwe Joer, also ganz fréi, schonn ëmmer gär mat mengem Pap an de Kino gaang. Ech hat dunn e Kolleg, deen ass haut Filmhistoriker – an Historiker tout court -, de Paul Lesch, deen och deemools siwe Joer hat. Mat deem hunn ech ëmmer Filmartiklen ausgetosch a mir hunn zesummen iwwer Filmer diskutéiert.
Mat siwe Joer?
Jo, siwen, aacht, néng Joer, dorëmmer. Fir de Paul war et ëmmer kloer, dat hie géif Geschicht maachen, mä ech sinn am Fong méi drun intresséiert, Filmer ze maachen, wéi driwwer ze schreiwen oder se z’analyséiren. Wann se mech an der Schoul gefrot hunn, wat wëlls de maachen, hunn ech ëmmer gesot: Ech wëll Filmer maachen. Ech gin gären op eng Filmschoul. Mat 15 Joer wollt ech och Rockstar ginn, mä ech mengen dat war jhust eng Niewenerscheinung vun der Pubertéit, dat hunn ech no engem Joer falle gelooss. Du Hunn ech mech erëm fir de Film intresséiert a soss ass et ni eppes anescht ginn. Filmer maachen, jhust Filmer maachen. Dat ass dat eenzegt, wat ech wierklech well.
Kanns de dech un den éischte Film erënneren, deen dech markéiert huet?
Jo, dat war den ONCE UPON A TIME INTHE WEST vum Sergio Leone, 1972, du hat ech néng Joer.
Wat sinn d’Réalisateuren an d’Filmer, déi’s de am léifsten hues?
Lumière, Méliès, Welles, Rossellini, Tarkowski, Fritz Lang, Godard, Pialat… Domat hätt et sech scho bal. Soe mer nach, wéinst der Form, de Scorsese an de Coppola. Déi Cinéasten, déi mech am meeschten emmerdéieren, zemools haut am Kino, dat sinn sou Cinéasten wéi de James Cameron, deen den TERMINATOR 2 gemaach huet, an de ganzen amerikanesche Schäiss de momentan gemaach gëtt, am europäeschen an am amerikanesche Kino.
Wat zum Beispill am europäesche Kino?
Zum Beispill eng gewëssen Zort franséischen Auteurskino, oder verschidde Filmer, déi wierklech jhust gemaach sinn, fir an hirem Land gewisen ze ginn an déi et net packen, iwwer d’Grenzen ze kommen. Och europäesch Zoppeproduktiounen, wéi ech dat nennen, «Pascali’s Island» zum Beispill.
Bei de Cinéasten, déi’s de gären hues, hues de den David Lynch nit genannt. Et ass awer un deen, wou den HOCHZÄITSNUECHT e wéineg erënnert. Hues de guer net do dru geduecht, weis de de Film gedréit hues?
Fir mech op d’HOCHZÄITSNUECHT virzebereeden, hunn ech e puer Filmer gekuckt. Ech maachen dat ëmmer, wann ech eppes dréinen. An och Texter iwwer Kino gelies. Ech hunn eng Biografi iwwer de Godard gelies an Texter vum Godard selwer. Ech hunn dem Lynch säin TWIN PEAKS gekuckt, de Pilotfilm; de BATMAN vum Tim Burton, deen ech als en absolut geniale Film vum leschte Jorzéngt aklasséieren; an de RAGING BULL vum Martin Scorsese. Ech hunn och dem André Mergenthaler d’Musek vum TWIN PEAKS ginn.
Du hues mam Paul Scheuer gedréit, deen eng aner Usiicht vu Kino huet (1). Wéi sidd der dann eenz ginn?
Mir sinn am Fong ganz gutt eenz ginn. Am Film ass de Paul gutt. Mir Hunn e wéineg zesumme geprouft, net laang, zwou Stonne virdrun. Während dem Film huet heen op meng Indikatioune gelauschtert. Dat ass ouni weider Problemer iwwer d’Bühn gaang.
War en ni a Versuchung anzegräifen an eppes ze soen?
Nee, e war ni a Versuchung bei der Mise en scène selwer anzegräifen. Ni.
Huele mer emol un, du häss en illimitéierte Budget an du kéins dréinen, wat de wëlls, wat fir e Film géifs de da maachen?
SOMEWHERE IN EUROPE.
Als Laangfilm?
Jo. D’Suite vu SOMEWHERE IN EUROPE. Dat wier net méi déi nämlecht Geschicht. Ech kann der dat erzielen, well et ass wierklech e Projet, den ech hunn. Et ass e Science-Fiction-Film, deen an der noer Zukunft an Europa spillt an et ass d’Liewe vun engem Serie-Noire’s Schrëftsteller, deen an dem Europa liewt, an deen hallef dem Alkohol an hallef den Droge verfall ass. Et soll e moderne Remake vu RIO BRAVO ginn, mat vill Gefiller.
Am HOCHZÄITSNUECHT sinn immens flott an zimlech ongewinnte Biller vun der Stad. Ass dat en Aspekt, den dech besonnesch interesséiert huet?
Wat mech an all Film immens staark interesséiert, ass Europa: d’Verschwanne vun de Grenzen, d’Immigratioun – ech sinn nit géint d’Immigratioun, tout au contraire -, Drogen, d’Prostitutioun, Amerika, dat ëmmer méi e groussen Afloss kritt. Wanns de haut duerch d’Stad gees, wees de net, ops de engem Lëtzebuerger begéins oder engem Amerikaner, well se de selwechten Tee-Shirt an déi selwecht Baseballkap unhunn. D’Mythen ginn imitéiert, et get alles imitéiert. Et get eng Kulturzopp. Mir ginn owes heem, mir hunn 25 Televisounschainen, wo mer kenne kucke wéi d’Serben an d’Kroaten uneneenginn, wéi d’Berliner Mauer a wéi de Kommunismus fält. Europa probéiert awer nach enormer op seligen ale Wiierter, wei op engem Kinnikstroun setzenzebleiwen, wéi wann et deen ëmmer hält. Et huet deen effektiv nach, mä et muss awer dru geschafft ginn… Dofir ass och hei am Film ni gesot, dat et sech zu Lëtzebuerg ofspillt. Fir mech ass dat Ganzt eng Trilogie, déi a mengem Kapp ugefaangen huet mat SOMEWHERE IN EUROPE, mam Kuerzfilm. Et sollen dräi Filmer ginn, déi all kéiers mat der Stad a mat de Mënschen an der Stad ze dinn hunn. An déi Stad ass all kéiers Europa an si ass ni an der Zäit festgesat. Hei, am HOCHZÄITSNUECHT kanns de nach soen, et sinn d’90er joran. En anere Film spillt och an der Zukunft, do géif scho méi staark den Science-Fiction-Aspekt erauskommen, an de leschten Deel wär SOMEWHERE, de Film, fir dat ze boucléieren. Et ass am Fong e Bericht iwwer Stied a Personnagen, a Leit, an Europa.
HOCHZÄITSNUECHT war jo e «Film de Commande».
Nee, si hunn et net erausgesicht ouni dat ech eppes domat ze dinn hat. Ech sinn op Frankfurt gefuer an hunn do mat europäeschen Produzenten geschwat. Déi hu mer gesot, et géingen zwee Themen ginn, déi am Moment fir d’Tëlee gesicht ginn: Drogen an Aids. Ech hu gesot, Aids ass onméiglech – do muss e sech menger Meenung no véier Joer laang de Kapp zerbriechen, fir do eppes Guddes ze maachen – Drogen ass méi einfach. Du huet ee mer vun dem Theaterstéck ‘Frësch bestuet’ geschwat, dat zu Lëtzebuerg opgefouert gi war. Ech hunn et geholl, gelies a schlecht fond an du hunn ech mer gesot, aus engem schlechten Theaterstéck kann e vläicht e gudde Film maachen. Et ass méi schwéier aus engem gudde Buch e gudde Film ze maachen wéi aus engem schlechte Buch e gudde Film ze maachen, d’selwecht mat engem Theaterstéck. Ech si guer net géint Commanden. Well ech wëll schaffen. Wéi e Serie-B’s Réalisateur, vun 8 bis 12 a vun 2 bis 6 am Studio dréinen. Science-Fiction-Filmer, Horrorfilmer, Dramen, an all Zorte vu Saachen experimentéieren.
Dem HOCHZÄITSNUECHT – an nach vläicht méi dem SOMEWHERE IN EUROPE – ass virgehäit ginn, dat se zwar formal an technesch ganz soignéiert sinn, awer vum Szenario hier manner iwwerzeegend. Beim SOMEWHERE IN EUROPE haten d’Leit de Problem, dat se net sou richteg wossten, wat se mat dem Film sollten ufänken. Et sinn och Leit, déi hu gemengt, et wier éischter dem Directeur de la photo säi Film wéi engem Réalisateur säin.
Wéi ech den Daniel Barrau (2) dat do erzielt hunn, huet e gelaacht. E sot, dat wier typesch fir Leit, déi vun näischt eng Ahnung hunn, well d’Foto vun engem Film signéiert ni den Directeur de la photo, déi signéiert ëmmer de Réalisateur. Wat den Inhalt ugëtt, mengen ech, dat d’Leit ni Problemer hun mat engem Inhalt den einfach ass. Wann awer den Inhalt, zëmools am Kino, net de gewinnten, virmâchéierten ass, hunn d ‘Leit immens Problemer domat. Souwisou wollt ech keng Geschicht erzielen mat dem Film. Ech wollt keng Assurance-Geschieht erzielen a keng béis Mamm weisen. Dorëms gëtt et net. Et gëtt em d’Gefiller an dat een eng Notioun kritt vu Verlourenheet, datt mer alleguer iergendwéi verluer sinn. De Christian steet net fir en Drogenjunkie ënner honnertdausenden, e steet am Fong geholl fir eis alleguerten. D’Drogen am Film kéinten och d’Sue sinn, dat kéinten Dausend Saache sinn. Den Tony seet jo och: «Ech sinn e Spigel, ech ginn de Leit wat se wëllen, Suen, Pleséier, alles vun all Zort.» Ech hunn hei eppes immens Interessantes iwwer d’Publikum fond. Et geet iwwer d’Filmer vum Jean-Marie Straub an den Danièle Huillet, déi immens wéineg gekuckt ginn: «Je me souviens que Jean-Marie n’a raconté qu’un ami à lui avait un ami, un ouvrier ou un paysan, en tout cas pas un petit bourgeois, qui avait vu un de leurs films et qui lui avait dit en substance: ‘On a vu un truc à la télé l’autre soir, c’était bien, c’était pas ce qu’on voit d’habitude. Il y avait des choses qui ressemblaient aux choses.’ Il suffit pour les Straub qu’il y ait une personne qui sente que c’est différent que d’habitude, qu’un autre ait le sentiment que quelque chose d’autre est possible pour que leur travail soit légitimé. Le public, c’est toujours un, et quand il manque, comme dit Lacan, il manque à sa place. Sinon, c’est de l’audience ou des parts de marché, c’est-à-dire une traction, un lobby, un pourcentage. Le passeur est peut casé celui qui se souvient que la vraie communication, celle qui a laissé des traces dans sa vie, n’est pas celle qu’on a voulu lui imposer, mais celle qui s’est faite presque furtivement, transversale et anonyme. Plus on va loin dans la connaissance de son public, plus on se met à son service, mais alors on ne passe plus rien, on devient une passoire, on tait un autre métier qui d’ailleurs paie beaucoup plus.» (3)
Ech mengen jhust, dat et awer kee Film ass, den e grousse Publikum unzitt.
Do ginn ech der Recht. Mä op de grousse Publikum äntweren ech der dat hei: wann ech elo dräi Leit begéinen, déi mir soen, de Film géif engem Besoin vun hinnen entspriechen, dann ass de Film fir mech gelongen, da sinn ech frou.
Mir hu scho vum Paul Scheuer geschwat. Wéi sinn déi aner Schauspiller erausgesicht ginn? Zu Lëtzebuerg ginn et der jo net vill. Hëllt een dann net éischter einfach déi, déi do sinn, amplaats e Choix ze maachen?
Nee, ech hun wierklech e Casting gemaacht. Mä et ass wouer, du hues fënnef Leit a vun dënnen hëlls de dann deen , deen am meeschte gemaacht huet. Me de Paul Hoffmann an de Frings wollt ech ëmmer huelen. De Jean-Paul Maes ass e «private joke», well en d’Theaterstéck gemaacht hat.
Wéi bass de un den André Mergenthaler komm fir d’Musek?
Pol Cruchten: Ech hunn de Mergenthaler eng Kéier gefilmt. Den André Mergenthaler huet viru véier Joer hei zu Lëtzebuerg e Concert ginn, am Théâtre des Capucins, an do hunn ech e mam Paul Lesch op Video 8 gefilmt. Ech hunn en do kennegeléiert an ech hunn seng Musek immens intressant fond. Ech sot em, bei mengem nächste Film géif ech mat him d ‘Musek maachen. Dräi Joer drop hunn ech e Film gemaacht. Ech hunn em dunn direkt ugeruff.
Wéi hut der dann dorun geschafft?
Virum Tournage hu mer immens vill iwwer Film an iwwer Musek geschwat. Ech hunn em och CD’en geléint, fir em d’Stëmmung vum Film z’erklären. Du ass gedréit ginn, an den André Mergenthaler hat och eng kleng Nieweroll. Wéi dono den éischte Montage, de «bout-à-bout», fäerdeg war, krut hien direkt eng Videokassett dovun. Ech si praktesch zweemol an der Woch mat der Monteuse bei heen an den Tounstudio gefuer a mir hunn eis d’Saachen ugelauschtert. Ech hunn da gesot, dat do ass sauschlecht, dat do kënnt eraus, dat do ass gutt. D’Opermotiv um Enn vum Film wollt ech vun Ufank un. Vun Ufank u wollt ech de Schluss vum Film als Oper gesinn, also immens tragesch, iwwerspëtzt. Et ass och en Harmonikasmotiv dran, ech hunn em vum Ennio Moricone geschwat. D’Kollaboratioun un der Musek war ganz intensiv, a ganz gutt, vun zwou Säiten aus, dat siet hien selwer.
Ass d’Indianergeschicht am Film erfond?
Déi ass erfond, vu mir a mengem Szenarist. Mir hu missen eppes fannen, wat dem Ganzen eng aner Dimensioun gëtt, wat net eleng op den Drogen bleiwt. Et ass och, fir den Zuschauer méi an d’Gefiller eranzebréngen, datt en nolauschtert, wat de Christian erzielt, mä datt en och déi Geräischer héiert, déi Musek héiert, dat en an eppes erakënnt, an och wierklech mat deem Typ konfrontéiert gëtt, wat deen Typ ass, wéi deen Typ ass, dat en domat physesch konfronteiert.
D’Thema vum Kampf mam Béisen kennt ëmmer erëm am Film, zum Schluss och am Christian senger Mamm hirer Kummer, wou e Bild hängt: «St-Michel terrassant le dragon»…
Dat Bild ass extra gemoolt gin fir de Film, vun engem franséischen Dekorateur.
Dat Bild steet awer méi an engem reliéise Kontext. De Film ass vun der Videopress produzéiert, et kinnt ee jo wuel net derlaanscht fir vun dem reliéisen Aspekt ze schwätzen. Ass fir dech e reliéisen Aspekt dran?
Et kann een de Film och anescht gesinn. Wat ech selwer ëmmer interessant fanne bei de Filmer, déi ech bis elo gemat hunn, ass, wann ech e Film erëm kucken, muss ech praktesch eng nei Gebrauchsuweisung dofir fannen an ech kann de Film a ville verschiddenen Dimensioune kucken. Du kanns hei och schwaarzen Humor dra gesinn. Déi al Fra, déi komplett geckeg ass, liewt jo praktesch an engem Sarkophage, a si huet sech mat reliéise Relikten ëmzingelt a sech duerch de reliéise Fanatismus selwer an de Wahnsinn bruecht. Da kanns de awer och dat Bild huelen, mam Engel, dee géint den Däiwel kämpft. Dat Schlecht géint dat Gutt. D’Liicht géint d’Däischtert. D’Gesellschaft, d’Hochzäit am Film, dat ass fir mech net d’Famill, dat ass ganz falsch. Fir mech ass d’Gesellschaftsiessen d’Sociétéit. An et si net fir näischt Paläst mat grousse Séilen an engem risege Sall als Dekor erausgesicht ginn. Dat ass inspiréiert vum Pasolini sengen «Salo». Den Travelling, deen laanscht d’Leit geet, déi iessen, dee weist d’Gesellschaft. Et ass eng dekadent Gesellschaft, déi Fester feiert, egal wat dobausse geschitt.
Zum Schluss bleiwt dach awer éischter dat negativt hänken. Wéi stoungen d’Leit vun der Videopress dozou? Hunn se probéiert Ännerungen dran ze maachen?
Si hun keng Ännerunge gemaach, si hu quer net agegraff, si hu mer eng komplett Fräiheet gelooss.
De Film sollt ursprénglech 15 Millioune kaschten, e kascht der awer elo zwëschen 60 an 80 Milliounen.
De Film krut déi Suen, déi e gebraucht huet.
Wat war am deiersten?
D’Techniker an den Dekor. D’Techniker ware ganz deier. 60 bis 80 Millioune sinn awer eng ridicul Zomm, mam Ausland verglach. A Frankräich ass en normale Budget 15 Millioune franséisch Frang.
A Frankräich.
Jo. Mir mussen eis jo awer mat sou Länner vergläichen, wa mer eng Kéier wëllen eppes maachen. D’Auslänner pochen immens op technesch Qualitéit. An an dëse Film ass d’technesch Qualitéit einwandfrei. Et ass och eppes anescht, en Huis-clos ze dréinen mat fënnef Acteuren, wéi e Film ze maachen, deen eng Figuratioun vun 80 Leit brauch, 15 oder 20 Dekoren, déi alleguerte gebaut gi sinn, asw. Den Hotel am Film ass immens wichteg an deen Hotel hätt ech net kënnen zu Lëtzebuerg fannen. Wann ech e klengen Hotel zu Lëtzebuerg geholl hätt, hätt et ridicul am Film ausgesinn.
Denken se bei der Videopress dann drun, nach e Film ze maachen?
Ech hunn op alle Fall héieren, dat se drun intresséiert sinn, weider ze maachen.
An du géifs och nach eng Kéier mat Videopress zesummeschaffen?
Ganz kloer.
Source: www.forum.lu – Interview mam Pol Cruchten vum Viviane Thill
1) De Paul Scheuer ass och Réalisateur an ee vun den Haaptleit vun der AFO. En huet haaptsächlech CONGE FIR E MORD a MUMM SWEET MUMM gedréint.
(2) den Directeur de la photographie vu SOMEWHERE IN EUROPE an HOCHZÄITSNUECHT.
(3) Serge Daney: ‘Devant la recrudescence des vols de sacs â main’, Aléa Editeur